Staff

Formular fir meng STAFF Umeldung ze finaliséieren


Léiwe Staff,

Super dass du mat dobäi bass fir am Staff vum Slov’It 2020 ze hëllefen.

D’Virbereedungen laafen, eng ganz Rei Versammlungen si schonns ofgehaalen ginn a vill kommen der nach op eis duer.

Hei lo mol puer organisatoresch Informatiounen:

Präis an Umeldung

De Präis fir déi Leit, déi am Staff hëllefen ass 400.-€, amplaz vu 525.-€.

Et besteet d’Méiglechkeet säin Transport selwer ze organiséieren, resp mat op den Préscamp ze goen. Dat mussen mir awer bis de 25. Mäerz 2020 wëssen. Dir kënnt dat am Umeldungsformulaire hei uewendriwwer uginn.

1. Acompte

Den 1. Acompte vun 150.-€ soll bis den 02. Mäerz 2020 iwwerweisen ginn.

  • Kontosnummer: Lëtzebuerger Guiden a Scouten “CaraPio Camp Slowenien“ –  LU51 0026 1844 0408 6000
  • Betreff: Numm, Virnumm, Staffberäich, Uertschaft

Déi nächst Acompten:

2. Acompte vun 150.-€ bis den 31.03.2020

3. Acompte vun 100.-€ bis den 15.05.2020

Umeldung

Mellt iech w.e.g. iwwert dëse Formular:

Congé Jeunesse

Well et en nationale CaraPio Camp ass, braucht dir de Camp NET unzemellen. Et gëtt eng gemeinsam Umeldung vum Camp gemat.

Denkt awer och schonn drun är Demande vum Congé Jeunesse an d’Géisserei eranzeschécken (). Dir musst déi nei Formulairen an der Chefbox benotzen.

Opruff

Du hues Dech scho fir eng Charge am Staff gemellt, mee mir brauchen ëmmer nach puer Leit. Vläicht kenns Du jo nach een oder eng ganz Ekipp aus dengem Grupp, déi motivéiert wieren hëllefen ze kommen.

Chargen déi nach ze besetze sinn:

  • Konstruktiounsekipp
  • Spirizelt
  • Ravi

Wanns de also een oder méi Leit kenns kënnen déi sech bei eis mellen op .

Angélique Krier Joé de Dood
Campchef Campchef adj.