Slov’It 2020 – Annulatioun

Léif CaraPio, Chef, Staff an Elteren,

Mat dëser Info, mussen mir iech leider matdeelen, dat mir eise Camp, Slov’It 2020, a Slowenien zu deem geplangten Zäitpunkt wéinst der aktueller Situatioun, mam Covid-19, mussen ofsoen.

Mir haten, nach parallel zum Slov’It, un engem alternativen Camp hei am Land geplangt, mee no der Ried vum Premierminister vum 15. Abrëll, deen decidéiert huet, datt keng gréisser Aktivitéite bis den 31. Juli 2020 dierfen stattfannen, ass och dëst an d’Waasser gefall.

D’Camppreparatiounen hunn 2018 ugefaangen an dofir, wëllen mir jidderengem eenzel MERCI soen, deen matgehollef huet ze plangen fir dësen Camp sou flott wei méiglech ze gestalten.

Punkto Finanzen kucken mir dat dir schnellstméiglecht rembourséiert gitt. Zu dësem Zäitpunkt kënne mir iech nach net garantéieren dat dir den vollen Montant zeréckkritt, well mir scho kleng Ausgaben haten. Mir maachen eis Bescht dëst sou schnell wéi méiglech kënnen ze klären.

Mir hoffen dat d’Situatioun sech schnell stabiliséiert an dat jiddereen spéitstens d’nächst Joer erëm kann op e Camp goen.

Bei all weidere Froe kënnt dir iech gäre mellen:

Angélique Krier Joé de Dood
Campchef Campchef adj.