Slov’It 2020 – Info Staff 2

Formular fir meng STAFF Umeldung ze finaliséieren


Corona Covid-19

D’Corona Kris as leider och bei eis ukomm. Am Moment plange mir normal weider bis datt mir méi spéit am Joer soe kënnen op mir op de SlovIt fueren oder net.

Mir verweisen op déi offiziell LGS Info zum Coronavirus.


Léiwe Staff,

hei fënns du weider Informatioune fir de Slov’It.

Merci elo scho fir ALL Preparatioun an déi déi nach kommen.

2. Acompte

Den 2. Acompte vun 150.-€ soll bis den 15. Abrëll 2020 iwwerweisen ginn.

  • Kontosnummer: Lëtzebuerger Guiden a Scouten “CaraPio Camp Slowenien“ –  LU51 0026 1844 0408 6000
  • Betreff: Numm, Virnumm, Staffberäich, Uertschaft

Déi nächst Acompten:

3. Acompte vun 100.-€ bis den 15.05.2020

Avant-Camp & Après Camp

Fir datt de 17. Juli schonn en Deel vum Camp steet wann d’CaraPio Moies ukommen, wäert eng 1. Delegatioun Mëttwochs, de 14. Juli a Slowenien fueren. Dëst wäerte virun allem d’Ekipp vun der Infrastruktur a Konstruktioun sinn.

Och fir de Retour kann een nach eng Nuecht drunhänken, well ëmmer nach puer Saachen ofzeriichte sinn.

Méi Detailer kommen no fir déi déi sech gemellt hunn.

Congé Jeunesse

Well et en nationale CaraPio Camp ass, braucht dir de Camp NET unzemellen. Et gëtt eng gemeinsam Umeldung vum Camp gemat.

Denkt awer och schonn drun är Demande vum Congé Jeunesse an d’Géisserei eranzeschécken (). Dir musst déi nei Formulairen an der Chefbox benotzen.

Opruff

Du hues Dech scho fir eng Charge am Staff gemellt, mee mir brauchen ëmmer nach puer Leit. Vläicht kenns Du jo nach een oder eng ganz Ekipp aus dengem Grupp, déi motivéiert wieren hëllefen ze kommen.

Chargen déi nach ze besetze sinn:

  • Konstruktiounsekipp
  • Spirizelt
  • Ravi

Informatiounsversammlung fir Chef & Staff de 19. Juni

Den 19. Juni 2020 ass eng obligatoresch Versammlung fir alleguer d’Cheff an de Staff. Dëst an engem gemittleche Kader.

Déi genau Plaz an d’Auerzäit kommen nach no.


Bei weider Froe kanns du dech bei eis mellen op .

Angélique Krier Joé de Dood
Campchef Campchef adj.