Slov’It 2020 – Info 4

Hei kënns de bei d’Info 2 fir de STAFF

Corona Covid-19

D’Corona Kris as leider och bei eis ukomm. Am Moment plange mir normal weider bis datt mir méi spéit am Joer soe kënnen op mir op de SlovIt fueren oder net.

Mir verweisen op déi offiziell LGS Info zum Coronavirus.


Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

D‘Umeldungen sinn elo zou an et kann och kee méi ouni valabele Grond ofgemellt ginn. Bei enger Ofmeldung gëtt den 1. Acompte net zréckbezuelt. Wann awer no der Ofrechnung vum Camp eppes iwwreg bleift kann eventuell en Deel zréckiwwerwise ginn.

2. Acompte

Denkt drun den 2. Acompte an héicht vun 200.-€/Persoun ze iwwerweisen. D’Deadline war den 2. Mäerz .

  • Kontosnummer: “Lëtzebuerger Guiden a Scouten – CaraPio Camp Slowenien” – LU51 0026 1844 0408 6000
  • Betreff: Trupp, Uertschaft, Unzuel CaraPio, Unzuel Chef

Et ass och des Kéier wichteg dass dir nëmmen 1 gemeinsame Virement fir déi ganz Trupp mat.

Wéi et weider geet:

  • 3. Acompte vun 175.-€ bis de 15.05.2020

Perséinlech Donnéeën

Et ass elo un der Zäit är Umeldung mat alle néidegen Informatiounen zu den eenzele Participanten ze finaliséieren. Fëllt dofir w.e.g. de Formular op der Säit Umeldung bis den 2. Mäerz aus.

Als Responsabele Chef vun denger Trupp hues du mat dengem Chef Login (dee nämlechte wéi dee vun der Chefbox) Accès op d’Umeldunge vun dengem Grupp déis du erstallt hues.

Wanns du mat dengem Chef Login ageloggt bass kanns du zu all Moment deng Umeldunge kucken.

Congé Jeunesse

Well et en nationale CaraPio Camp ass, braucht dir de Camp NET unzemellen. Et gët eng gemeinsam Umeldung vum Camp gemat.

Denkt och schonn drun är Demande vum Congé Jeunesse an d’Géisserei eranzeschécken. Dir musst déi nei Formulairen an der Chefbox benotzen.

Den SNJ hëlt den Délai vum Aschécken vun enger Demande 4 Wochen virun der Aktivitéit ganz streng. Dofir denkt w.e.g. drun är Demandë op d’mannst 6 Woche virum Camp un d’Géisserei ze schécken.

Fiche Médicale

Mir hunn iech an der leschter Info gefrot schonn d’Fiche Médicale vun ärer Trupp (Chef + CaraPio) anzesammelen. Dës kënnen an enger eenzeger Datei (1 PDF oder 1 ZIP) u geschéckt schécken.

Maacht dat w.e.g bis spéitstens de 15.05.

D’Formulaire fir Chef a CaraPio fannt dir an der Chefbox (mat Chef Login).

Opruff

En Opruff geet un déi Truppen, déi vill Chef hu fir mat op de Camp ze goen. Et ginn nach puer Leit am Staff (Ravi) gebraucht, resp. bréichten mir e puer Leit, déi eis wärend dem Camp als Mataarbechter fir verschidden Aktivitéiten zur Hand ginn.

Mir soen iech lo scho Merci.

Informatiounsversammlung fir Chef & Staff de 19. Juni

Den 19. Juni 2020 ass eng obligatoresch Versammlung fir alleguer d’Cheff an de Staff. Dëst an engem gemittleche Kader.

Déi genau Plaz an d’Auerzäit kommen nach no.


Bei all weidere Froe kënnt dir iech gäre mellen:

Angélique Krier Joé de Dood
Campchef Campchef adj.