Slov’It 2020 – Info 3

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

Nach e bësse méi wéi 5 Méint, da geet et lass, da fuere mir op de Camp! Hei fannt dir weider Informatiounen.

2. Acompte

Den 2. Acompte an héicht vun 200.-€/Persoun muss bis den 2. Mäerz iwwerwise ginn.

  • Kontosnummer: “Lëtzebuerger Guiden a Scouten – CaraPio Camp Slowenien” – LU51 0026 1844 0408 6000
  • Betreff: Trupp, Uertschaft, Unzuel CaraPio, Unzuel Chef

Et ass och des Kéier wichteg dass dir nëmmen 1 gemeinsame Virement fir déi ganz Trupp mat.

Wéi et weider geet:

  • 3. Acompte vun 175.-€ bis de 15.05.2020

Perséinlech Donnéeën

Et ass elo un der Zäit är Umeldung mat alle néidegen Informatiounen zu den eenzele Participanten ze finaliséieren. Fëllt dofir w.e.g. de Formular op der Säit Umeldung bis den 2. Mäerz aus.

Als Responsabele Chef vun denger Trupp hues du mat dengem Chef Login (dee nämlechte wéi dee vun der Chefbox) Accès op d’Umeldunge vun dengem Grupp déis du erstallt hues.

Wanns du mat dengem Chef Login ageloggt bass kanns du zu all Moment deng Umeldunge kucken.

Congé Jeunesse

Well et en nationale CaraPio Camp ass, braucht dir de Camp NET unzemellen. Et gët eng gemeinsam Umeldung vum Camp gemat.

Denkt och schonn drun är Demande vum Congé Jeunesse an d’Géisserei eranzeschécken. Dir musst déi nei Formulairen an der Chefbox benotzen.

Den SNJ hëlt den Délai vum Aschécken vun enger Demande 4 Wochen virun der Aktivitéit ganz streng. Dofir denkt w.e.g. drun är Demandë op d’mannst 6 Woche virum Camp un d’Géisserei ze schécken.

Fiche Médicale

Dir kënnt elo schonn ufänken d’Fiche Médicale vun de Chef a vun de CaraPio ausfëllen ze loossen an anzesammelen. Mir informéieren iech an der nächster Info wou dir déi schécke sollt.

D’Formulaire fir Chef a CaraPio fannt dir an der Chefbox (mat Chef Login).

Opruff

En Opruff geet un déi Truppen, déi vill Chef hu fir mat op de Camp ze goen. Et ginn nach puer Leit am Staff (Ravi) gebraucht, resp. bréichten mir e puer Leit, déi eis wärend dem Camp als Mataarbechter fir verschidden Aktivitéiten zur Hand ginn.

Mir soen iech lo scho Merci.

Hike

Slowenien ass e Paradäis fir ze Wanderen, a mir wëllen eis d’Geleeënheet net entgoe loossen, fir de CaraPio en Hike an dëser eemoleger Natur ze bidden. Den Hike um SLOV’IT, dat sinn zwee Deeg trëppele mat liichtem Gepäck en eng Iwwernuechtung an enger Bierghütt. Allerdéngs ass den Terrain anescht wéi mir en aus Lëtzebuerg kennen – eis Campplaz läit an engem Ausleefer vun den Alpen an dofir sinn um Hike och esou munch Héichtemeter ze bewältegen.

Zil ass et, dass jiddereen e flotten Hike an Erënnerung behält. Dofir huet d’Hike Ekipp verschidde Längte vu Weeër erausgesicht, wou all CaraPio,  am Hibléck op seng kierperlech Konditioun a Motivatiounam, seng Preferenz kann uginn . Schwätzt mat äre CaraPio, wat fir een Hike si wëllen a kënne maachen, sou dass dir beim Umeldungsformulaire de Schwieregkeetsgrad fir all CaraPio kënnt erauswielen.

Mir bidden den Hike an 3 verschidde Schwieregkeetsgraden un: liicht, mëttel a schwéier. Wat kann een sech dorënner virstellen ?

  • Liicht
    • 3-5h reng Trëppelzäit pro Dag
    • Fest Schong
  • Mëttel
    • 4-6h biergop trëppelen den éischten Dag (ouni Pausen)
    • Fest Schong déi bis iwwert de Knéchel gi si Flicht
  • Schwéier
    • 7-10h reng Trëppelzäit pro Dag
    • Iwwer 1500 Héichtemeter den éischten Dag
    • Fest Schong bis iwwert de Knéchel si Flicht
    • Schwindelfräi sinn (Via Ferrata op verschiddene Passagen)

Bei all weidere Froe kënnt dir iech gäre mellen:

Angélique Krier Joé de Dood
Campchef Campchef adj.